Beschreibung: Géint 17:10h ass den CISNS als Verstärkung op een Dachstuhlbrand an't Stadt geruf gin. Op der Platz sin mir dem Asazofschnëtt 2 "rue du curé" ënnert der Leedung vum Annick Baustert gestallt gin, an hun aktiv bei der Brandbekämpfung matgeholëff.
Op der Platz waren 6 Mann mam HLF 2.1; 2 Mann sin spéider mam MZF 1.1 nokomm vir all dat benutzten Material an't PSA sichen ze kommen. Desweideren waren 7 Mann am CIS Nidderaanwen vir e weideren HLF ze besetzen falls et zu engem weideren Asaz komm waer.
Weider waren den Centre d’Incendie et de Secours Luxembourg, Centre d'Incendie et de Secours Junglinster, CISRO - Centre d'Incendie et de Secours Roeserbann, CIS Hesper; GIV Drône, Support sanitaire, Groupe ravitaillement, CREOS, LUXGAS, verschiiden Départementer aus der Directioun vum CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours an't Police Grand-Ducale op der Platz. |