Allgemeines

Erlebe die Feuerwehr hautnah

Chronik
Am Joer 1965 gouf um 46.Landeskongress zu Hesper d’Jugendpompjeeën duerch Kongressbeschloss offiziell agefouert.Dat Joer drop ass zu Mënsbech och eng Jugendsektioun an d’Liewen geruff ginn.
Déi éischt Jugendmemberen Paul Altmann,Lucien Hellers an Gaston Wolff waren schonn no un den 16 Joer , esou datt si gläich an déi grouss Pompjeeën opgeholl gi sinn.
Den Grondsteen ass awer am Joer 1969 geluecht ginn andeem eng komplett Jugendsektioun ënnert der Leedung vum Sigg Grohmann opgebaut ginn ass.
Déi éischt Jugend waren :

Felix Altmann
Lucien Altmeisch
Paul Altmeisch
René Altmeisch
Lucien Grohmann
Patrice Grohmann
Gilbert Thommes
Vicky Thommes
Claude Waldbillig
Vun 1974 bis 1980 ass all 2 Joer en Jugend-Camp zu Bur oder Réimech organiséiert gin,fir den Jugendlechen bei Instruktiounen, Sport an Spill mat hiren spéideren Aufgaben an Pflichten als aktiven Pompjee vertraut zemaachen. Eefreg ginn och an den Ufanksjoeren déi deemoleg virgeschriwwen Schoulübungen antrainéiert. Bei besonneschen Festlechkeeten am Kanton ,wéi Kantonaltagungen an bei lokalen Porte Ouverten ass dës Übung dann duerch eis Jugend virgefouert ginn.
Bei eisem 75 ème Anniversaire 1976 waren an der Jugendsektioun :
Alain Grohmann ( haut eisen Kommandant)
Georges Apel
Roby Kemp ( haut aktiven Pompjee)
Nico Hoffmann
Marco Fischer ( haut eisen Caissier)
Marc Thill
Marc Smyslony
Jempi Molitor
Patrice Grohmann
Vicky Thommes
Den éischten Jugendleeder vun eisem Corps war den Sigg Grohmann, an datt gläich 13 Joer un engem Stéck vun 1969 bis 1982.
1982 huet den Sigg Grohmann Leedung un säin groussen Jong, dem Lucien Grohmann den vun 1978 den Jugendleeder adj war, weiderginn.Den Lucien Grohmann huet dësen Posten vun 1978 bis 1996 iwwerholl.
Dës Jugendaktivitéit ass iwwer all déi Joeren bis zu haitegen Daach bäibehalen ginn.
Vill Wäert leen mir op praktesch an theoreteschen Instruktiounen fir eis Jugend op hiert spéider Liewen bei deenen aktiven Pompjeeën virzebereeden.Desweideren huelen d’Jugendpompjeeën un den Wëssenstester am Bronze,Selwer oder am Gold deel.

Bei esou vill Aktivitéiten an ëmmer méi jugendlechen Interessenten , konnt den Lucien Grohmann dës vill Aarbecht net méi alleng bewältegen an huet den René Marx an den Jerry Peters als Hëllef kritt.
Den René Marx war vun 1989 bis 1996 Jugendleeder adj, vun 1996 bis 1999 Jugendleeder,doniewent waren vun 1990 bis 1992 Kantonaljugendleeder adj, an vun 1992 bis 2007 Kantonaljugendleeder.
An der Zäit vun 1999 bis 2007 waren am Corps Jugendleeder adj.
Den Marc Hellers war vun 1997 bis 1999 Jugendleeder adj.
Jugendleeder ff vun 1999 bis 2009, Kantonaljugendleeder vun 2007 bis 2009.
Den Tom van der Drift war vun2009 bis 2010 Jugendleeder, den aus berufflechen Grënn opgehalen huet.

Den Paul Goldschmit war 2002 nach net al genuch fir bei der Jugend matzeschaffen an esou ass et komm datt Martine Goldschmit-Grohmann ëmmer mat an der Übung war bis den Marc Hellers, Martine iwwerzecht huet bei der Jugend matzehëllefen.
D’Martine Goldschmit- Grohmann war Monitrice vun 2002 bis 2004
Vun 2004 bis 2010 Jugendleeder adj, vun 2010 un Jugendleeder.
Kantonaljugendleeder adj. vun 2010 bis 2011
Kantonaljugendleeder vun 2011 bis 2015, nodeems Kantonen obgeleist ginn sinn...
Regionaljugendleeder adj. vun 2015 un
D’Jugendsektiounen vun den Gemengen Nidderaanwen an Schëtter hunn sech en
Beispill un denen groussen Pompjeeën geholl, an schaffen ennert der Leedung vum
Martine Goldschmit-Grohmann zenter dem Joer 2014 zesummen.
Den Sven Grohmann ass 2007 direkt no senger Zäit als Jugendpompjeen bei der Jugend als Moniteur bliwwen, an ass vun 2010 un Jugendleeder adj.
D’Samantha Grohmann ass Monitrice zenter 2004 un.
Den Paul Goldschmit ass Moniteur zenter 2012
Nathalie Achten war Monitrice vun 2013 bis 2015.

Vun 1969 bis haut , haten mir och nach aner Moniteuren an Monitrice, wou mir leider keng Dateien hunn, w.e.g. bei engem vun den Administrateuren mellen, soumat mir déi an eiser Chronik kennen mat bäi setzen.
Zur Zäit besteet eis Grupp aus 12 Jugendlechen vun Schëtter an 12 Jugendlechen vun Nidderaanwen .

Aktuelle Seite: Home Jugend Allgemeines